E Service kënnegen
Wéi Dir e Produit am Clientsberäich kënnegt, wéini en ophält, a wat virum Enddatum mat den Donnéeën ze maachen ass.
D'Kënnegung maacht Dir selwer am Clientsberäich; en Ticket ass net néideg.
D'Schrëtt
- De Produit opmaachenënner My Products & Services am Clientsberäich op my.novanode.eu.
- Op Request Cancellation klickenan der Kolonn Actions lénks.
- De Grond uginn(fräiwëlleg, hëlleft eis awer). Den Cancellation Type ass End of Billing Period: de Service leeft bis zum scho bezuelten Datum weider a stoppt dann.
- Bestätegenmam roude Knäppchen Request Cancellation. Dir kritt eng Bestätegung per E-Mail.
Virum Enddatum
Huelt Är Donnéeën eraus, soulaang de Service leeft: en Export vun der Websäit, eng Mail-Kopie op en aneren Ubidder, eng Kopie vun der VPS-Platt. Wat nom Enddatum mat den Donnéeë geschitt, steet an den Allgemenge Konditiounen. Wéi Dir d'Donnéeë vun all Produit mathuelt, beschreift Wiessel an Export.
Domainen
Eng Domain gëtt net gekënnegt; si gëtt einfach net verlängert. Schalt déi automatesch Verlängerung vun der Domain aus, oder transferéiert se mam Autorisatiounscode vun der Domainsäit op en anere Registrar.
Kënnegungsfristen
D'Fristen an de genauen Zäitpunkt, zu deem eng Kënnegung wierkt, stinn an den Allgemenge Konditiounen, Abschnitt 8.3, op der Rechtssäit.
Huet dat net gehollef? Maacht en Ticket op a sot eis, wat Dir probéiert hutt.